Maison des jeunes et de la culture Bettembourg ASBL
 loading...

Literatour - Prix Laurence

Le (les) texte(s) de: Karma Catena

De Virus vun der Äerd




Ech maan meng Aan op,
Ech kucken ronderem.
Et gesäit aus als wär alles op der Kopp,
Am léifsten géing ech soen ech haalen elo op.
Well alles ass sou aanecht alles ass esou friem,
Déi Welt an där mir liewen wou kënnt déi nëmmen hier?
Ech hu Foen an ech sichen,
Ech sichen no Äntferten, no Äntferten op Froen déi ech gäre wisst.
Ech kommen an ech ginn.
Ech wees net wou kommen ech hinn?
Ech si komm a bloem Himmel, grénge Wissen…
Mee den Himmel deen gro an d’Wissen sinn net méi do.
Mee wisou ass daat esou?
Ah ech wees et elo!
D’Äntfert déi ass ganz no:
Eis Äerd déi ass ganz krank,
Mam Thermometer an der Hand.
Se schweest, se zeckt,
Ech mengen e Virus huet se gepleckt.
De virus huet eng Nues, zwee Aan a Féiss.
Dee Virus dee rappt all d’Beem eraus,
An e lächt all d’Déieren aus.
All Daach steet hien um Hocher virum Spigel,
Wëll hien streckt seng Nues ëmmer iwwert den Hiwwel.
Hien mecht sech grouss mat Tallekenschong.
A wierklechkeet ass hien awer kléng ewéi een Hong.
Hien ass de King vun der ganzer Welt,
op mannst ass daat et woufir hien sech hällt.
Mee iegendwéi huet hien nach net gecheckt,
Dass hien net deen ass deen eis wierklech deckt.
An elo?
Elo wart der do,
dass ech iech eng Moral verzielen.
An et ass och wierklech einfach,
wëll mir Mënschen wëssen net waat se maachen wann mir soen,
Dass mir Monsanto emol un d’Muecht loosen.

Also Virus klamm entlech raus,
Déi Ärd ass dach däin Haus,
Mee iegendwéi huest du nach net gecheckt,
dass du net dee bass deen eis deckt.
Rapp emol oof: d’Athomkraaftwierk vu Cathenom,
Den Lobbyist dee setzt ganz kromm,
op séngem Hocker setzt hien locker.
Also komm stidd elo op an kuckt och emol ronderëm!
Wëll mir sinn net déi fir déi mir eis haalen



envoyé le / eingesendet am: 07:12 Wed, 23 March 2016 par / von: Catena Karma Zurück / Retour




Keen Titel

 



Oh Karma hues de eng nei Coupe? Iergendwéi hat ech déi aner léiwer
Du gesäis net méi esou schéin aus déng Bluse ass knaschteg, mee iwwerhaapt, sinn déng Kleeder fatzeg
Däin Gesiicht gesäit ronn aus an déng Ae blatzeg. Granzeg oder midd, mee iergendwéi net fitt.
Du bass net gekleet am neisten Trend an hues de leschten Hype vu gëscht'schonn nees emol verpennt?
Ëmmer méi schnell en Diktat vun der Moud, an et kënnt een net méi no fir ze schreiwen
A kee ka méi préiwe wat dat wierklech bréngt wann een net méi undeet wat engem gefält
 
Ëm wat geet et eigentlech ëm den Inhalt, oder d'Form, ëm de Globus oder d'Norm, ëm de Rondel oder den Eck, fir d'Freed, oder de Speck?
 
Mir musse réng sinn, net ze deck, net ze dënn,
Am beschten eng stubseg Nues a blond Hoer,
Jo et ass jo kloer, laang Hoer an am beschten Tallekeschong,
E roude Lëppestëft, e Mascara, en Neellack, e Rouge, e Make-Up, ee Liitschatten, e Shampoing an e Sonnebrëll.
Et ass dat wou ee vun eis wëll.
Schéi schlank, pass op, op déng Linn.
Mee ass déi Linn net scho laang kromm?
Op krank oder granzeg, op frou oder net, op mer traureg oder schlau sinn, ass deene meeschten egal.
E Laachen aus Plastik ass jo wierklech net echt, oder ass eis Ambiance, wierklech schonn esou vill verpescht?
Gutt ofhuelen, eng Diät fir den Inhalt. Fir dass bannen alles verschwënnt, an et deem Baussen awer gutt bekennt.
Diät, Diät weess ee mol net wat et heescht deene meeschten ass egal, dass bannen eppes feelt.
 
Diät, Diät fir den Inhalt, oder d'Form, fir de Globus oder d'Norm, fir de Rondel oder den Eck, fir d'Freed, oder de Speck?
 
De Leit ass et net egal och wann et hinnen egal sollt si wat's du unhues
D'Ausgesinn ass däin Uerteel, rout Lëpsen an rout Neel
Schéi gemaach ginn, oder schéi sinn d'Definitioun dovu kennt keen, wëll bestëmmt gëtt et vun deenen aneren
Me si mer da lo schéin oder gi mer schéi gemaach? Ass et iwwerhaapt nach d'Freed, déi eis eppes daacht?
Mir musse su sinn wéi eisen Noper an den Noper esou wéi säin fir dass mer all déi selwecht sinn an mer mar iwwert deen aaneren lästeren kënnen wëll en kéng Marken unhuet an säin ausgesinn net esou ass wéi deenen aaneren iert.
Schéinheet ass eppes waat een fir sech muss definéieren mee déi aaner mechen sech an.
Moud, heescht esou sinn ewéi d'Norm, dass de esou bass wéi all déi aner, an dass kee méi dech erkennt
Sief du selwer, mee ass de Sproch net schonn alleng e Sproch fir d'Massen?
Wëll et traut een sech jo mol net emol anescht ze sinn, wëll den Trend vun uewen Diktéiert
Näischt geet méi schnell wéi d'Ännerung vum Äussere Marken a Butteker prägen eis Gesellschaft
 
En Inhalt ass egal waat hei zielt ass d'Form. De Globus ass egal bei eis zielt d'Norm, de Rondel am Eck brauch kee méi, an et ass d'Freed déi domminéiert gëtt vum Speck
 
A wou eis  Kleeder hierkommen, doriwwer brauche mer guer net ze schwätzen



envoyé le / eingesendet am: 07:06 Wed, 23 March 2016 par / von: Catena Karma Zurück / Retour




Wa méng Kanner grouss sinn

 


Ech färten. Ech färten wann ech Kanner kréien a si dann näicht méi hunn
Well dann ass alles verflunn mir hunn oofgerappt, zerbomt, zerrappt a futti geklappt
Mee gi mer wierklech net méi wäit?
Kloer mir lierwen elo en net dono, mir lierwen am Moment an et ass näicht wou eis ophällt
Mee ech färten, dass wann ech Kanner a si da blann sinn,
Net dass hier Aen net méi fonktionéieren, mee dass se näicht méi gesinn, trotz hieren Aen
Ech färte si gi Faarweblann wëll Stëps an Niwwel firun hinne schwierft
Si gesinn net we firun hinne steet wëll se just gesinn waat en undeet an héieren och net waat hie seet,
Si geisnn net ëran an hien wëll et huet zë vill Stëps gereent an d'Ambiance ass zë vill verpecht
Keen huet méi Hoffnung a jiderengem geet et schlecht
De lächte Baam ass oofgeholzt, déi lächte Baach ass ausgedronk an de lächte Vull deen huet scho laang gepaff
Ech färten, dass mer net méi wäit gesinn, och wann eisen Horizont erweitert gëtt wëll elo kéng Beem méi do am Wee stinn
Wa méng Kanner grouss sinn
Mee daat alles ass jo nëmmen hallef esou wëll, well mir lierwe jo elo an dono si mer scho laang  net méi do
Ei déi Wisse waren esou schéi gréng an den Himmel haat esou e schéint Blo
Ech färten. Wa méng Kanner grouss sinn, wësse si dann nach waat Waaser ass, waat Beem sinn, waat Déieren sinn, wësse si dann nach waat schreiwen ass, wësse si dann nach waat lierwen ass?
A wéi gär géing ech hinnen eng kéier dee schéine Bësch vu Boudler weisen, mee et ass jo kloer, mir brauche jo Pabeier a kéng Beem
Wéi gäre géing ech hinne weisen wéi schéin de Fësch am Waaser schwëmmt, mee ne mir brauche jo Plastik a kee Fësch
Déi Bei do hannen déi flitt esou schéin, ech wënsche mer dass méng Kannt déi och eng kéier gesinn.
Ech färten awer kee Reiber a kéng Mustik , mee CO2, FCKW an DDT, ech hunn Angst firun eiser net ganz esou onentlëger Onentlechkeet, firun eiser ignoranz a firun eisem Onbewosstsinn
Ech géing gäre ménge Kanner eng Wiss mat Kéi weisen, mee mir brauche jo Hamburgeren a kéng Kéi
Ech färten dass méng Kanner keng Mënsche méi gesinn mee Smog, deen eklëschen offgegastene Gas
Ech färten, dass eisen Ego vill zë wäit geet, an de Moment an deem mer liewen, awer vill zë schnell vergeet, an et et henno awer net dowärt war
 
Ech wees et dauert nach e bëssen, mee ech hunn schon ugefaangen eng Lëcht un den Kleeschen zë schreiwen
Léiwe Kleeschen, ech hunn es genuch mat Pessimuss ech wënsche mer elo mol e bëssen Idealissmus
Ech wënsche mer Verstannt an en Duch fir d'Brëller zë Botzen
Ech wëll Gläichberechtegung a Gerechtegkeet
Ech wënsche mer Leit mat éngem Geecht fir zë käpfen, ouni Waffen unzëpaaken an Leit déi u hier Kanner dénken wann se eppes maachen
Ech wëll Matmënschen, déi och matdénken, Leit déi aus der Këscht vun hierem Ego eraus sprangen
Ech wënsche mer Beem ouni Pabeier, eng Kou ouni Fleesch, e Mier ouni Plastik an en Daag un deem et reent
Ech si fir Leit mat motivatioun, wëll et sinn déi di mer elo brauchen, wa mer wëléen mat eise Kanner an de Bëch goen



envoyé le / eingesendet am: 06:59 Wed, 23 March 2016 par / von: Catena Karma Zurück / Retour




Last News

Derniers textes du concours littéraire

Wind of Time

Envoyé: 23:53 Thu, 31 March 2016


First they are born, then they are worn, they meet

lire plus / mehr lesen...

In 30 Tagen zur perfekten Bikinifigur

Envoyé: 23:50 Thu, 31 March 2016


Es hat sich bereits herumgesprochen, dass es...

lire plus / mehr lesen...

Die Klänge der Musik

Envoyé: 23:42 Thu, 31 March 2016


Der Klang hat mich schon immer fasziniert, in ihm

lire plus / mehr lesen...