Maison des jeunes et de la culture Bettembourg ASBL
 loading...

Literatour - Prix Laurence

Le (les) texte(s) de: Joseph Storn

Schlecht Gesellschaft




Heimat presentéieren ech iech main Text. Ech sin en Hobby Rapper, ënnert dem Numm: Bgum (ausgeschwat: Bigam) vun do hier kann dësen Text och euni Problem gerappt ginn.

 

Bgum - Schlecht Gesellschaft

Du bass an dengem goldegen Käfeg agespaart,

well deng Kreditkaarten sin fort an gespaart.

Up and downs, wei kommen ech iwert Ronnen, Akrophobie,

Eisen System huet seng Aen verbonnen, Alégorie.

Haut des Daachs, geet et nëmen em Frick hunn,

dei gréissten Gangsteren doen sech schick un.

Meng Gedanken sin wei Atomer, ech deelen se oft,

ech sinn schlecht an der Mathé, well ech deelen ze oft.

Mir wëllen Geld maachen an profiteieren,

mee opgepasst well den Profit mecht aus eis Déieren.

Et stemmt. Mat desem System ass et normal, domm ze gin,

keen gëtt der seng Stemm, se hun all Angscht stomm ze gin.

Ech sin zwar keen Meteorolog, mee ech leeën vill wärt op Wieder,

Rap hëlleft mir wei meng Liewer mengem Kierper.

T'Joer packen an der Schoul, heescht net dass de gescheit bass,

well daat meeschten auswenneg léieren ass,

t'Matière gëtt engem an den Kapp geklaakt, an daat en Masse,

léieren an net verstoen, an daat nemen vier dass t'Zensur passt.

Egal wei deck deng Auer ass, du hues net méi Zäit,

ech ënnescheeden mech duerch main groussen Fläiss,

du bass wei eng Néiesch am Congé, du bitz / bitts mir näischt.

 

Ech hun meng Waff net an der Hand,

well meng Waff ass mäin Verstand,

ech hoffen daat huet all Mënsch erkannt.

Du mess fläischt vill Geld als Banker,

mee ech sinn Flick, Riichter an Henker, ech sinn Denker.

Keen kann mir meng Meenung verbidden,

waat kënnen se eis bidden?

Mech kann näischt mei schocken ausser en Föhn an der Bidden.

Hei zu Lëtzebuerg liewen mir vier ze iessen,

an aneren Länner iessen se vier ze liewen

Wans de gutt kucks, geet et eis hei zimlech gutt

mir liewen am Luxus mee et gëtt ëmmer gemeckert well mir hunn es nie genuch.

T'Gesetzer ginn vun Daach zu Daach ëmmer méi mësshandelt,

eis Welt wéi mir se kennen huet sech drastesch verwandelt,

paradox Profiller stellen sech zesummen, wéi Veganer mat engem pelzegen Mantel.

 



envoyé le / eingesendet am: 15:39 Mon, 28 March 2016 par / von: Storn Joseph Zurück / Retour




Last News

Derniers textes du concours littéraire

Wind of Time

Envoyé: 23:53 Thu, 31 March 2016


First they are born, then they are worn, they meet

lire plus / mehr lesen...

In 30 Tagen zur perfekten Bikinifigur

Envoyé: 23:50 Thu, 31 March 2016


Es hat sich bereits herumgesprochen, dass es...

lire plus / mehr lesen...

Die Klänge der Musik

Envoyé: 23:42 Thu, 31 March 2016


Der Klang hat mich schon immer fasziniert, in ihm

lire plus / mehr lesen...